top of page

Hochzäitsthema

Fir eis Hochzäit hu mir e Thema imaginéiert : bléiende Gaart.

Et spigelt eise Wonsch erëm, dëse Moment an der Schéinheet vun der Natur, am Häerz vun den Ardennen, ze feieren.

Fir beim Hochzäitsthema matzemaachen, fügt Ärer Tenue e blummege Detail derbäi: e Muster, e Bijou, en Accessoire…

Loosst eis Hochzäit bléien!

Dresscode

Mir wëlle kee Dresscode imposéieren : dat Wichtegst fir eis ass, datt Dir dëse Moment a voller Fräiheet genéisst.

Mir wëlle just e puer Orientéierungen deelen iwwer de Stil vun den Outfiten, déi mir gären um grousse Dag géife gesinn.

Entdeckt se hei drënner.

Zivillhochzäit

Fir d’Feier um Freideg ass kee speziellt Thema a keng besonnesch Faarf virgesinn. 

Well de Buffet dobausse (ënner engem Daach) stattfënnt, roden mir Iech, eng Jacket oder e Pullover virzegesinn, ugepasst un d’Wieder.

Recommandéiert Tenue : semi-formell, casual chic.

Zeremonie & Apperitif

Mir wëlle kee Dresscode imposéieren. Awer wann Dir bei der Harmonie vum Thema matmaache wëllt, sidd Dir häerzlech wëllkomm, Iech eisen aise Familljen an Zeien unzeschléissen andeems Dir eng Tenue wielt, déi vun der Blummenambiance inspiréiert ass.

Well d’Zeremonie an den Apperitif dobausse geplangt sinn (ofhängeg vum Wieder), denkt drun, eng ugepasste Tenue virzegesinn.

Recommandéiert Tenue : elegant, Cocktail oder formell.

Hären, merci datt Dir kee donkel grëng undoot.

Dinner & Feier

D’Feierlechkeete vum Samschdegowend sinn eng Geleeënheet, d’Fest an enger eleganter a festlecher Ambiance ze verlängeren.

Kee Dresscode ass imposéiert, awer Dir sidd fräi, Är Tenue tëscht dem Apperitif an dem Ufank vum Owend ze wiesselen, wann Dir dat wëllt.

Recommandéiert Tenue : elegant, Cocktail, formell oder Black Tie.

Brunch

Fir de Brunch um Sonndeg ass Einfachheet ugesot.

Kee speziellen Dresscode : wielt eng komfortabel an entspaant Tenue, fir dëse gesellege Moment voll ze genéissen.

Recommandéiert Tenue : casual chic oder casual.

bottom of page